Dagesprogramm

0800 bis 0900: Accueil

D’Schüler a Schülerinne komme mat hirer Begleedung, schreiwen sech a fir den Dag a kënne sech beim “Kaffi drénke” kenneléieren.

0900 bis 1030: Éischt Ronn Atelieren

Di éischt Ronn Ateliere fanne statt an hire respektive Säll wou d’Participanten sech an engem positive Kader mat den Theme Gläichstellung a Sexismus ausernee setzen dierfen.

1030 bis 1100: Kaffispaus

All Participant ass agelueden sech z’erfrëschen am zentrale Raum mat Iessen a Gedrénks, a weider Animatiounen an Informatiounen z’entdecken.

1100 bis 1230: Zweeten Atelier

Di zweet Ronn Ateliere fanne statt wou d’Klassen een aneren Usaz zum Thema gewise kréien.

1230 bis 1330: Mëttespaus

No deenen 2 Atelieren, sinn all Participanten invitéiert fir d’Mëttegiessen ier et un den Nomëtteg geet.

1330 bis 1500: Drëtten Atelier

Di drëtt Ronn Ateliere fanne statt wou d’Klassen een aneren Usaz zum Thema gewise kréien.

1500 bis 1600: Rock de Krees (Conclusiounen)

Fir dës Diskussiounsronn, sollen déi designéiert Spriecher kuerz hier Conclusiounen zum Dag aus der Vue vun hiere Grupp virstellen. Do dierfen all Schüler a Schülerinne genau sou wéi hier Begleedung an och d’Experten d’Wuert froe fir och individuell iwwert d’Themen déi si wärend dem Dag begéint hunn oder generell d’Thema vu Gläichstellung a Sexismus ze diskutéieren.

Lëscht vun den Atelieren

Centre national de l’audiovisuel – Sport an Highschool-Comedies & Dramedies

Wéi hunn déi typiséiert Figure sech iwwer d’Zäit a Filmer a Serien entwéckelt, a wéi baue se openeen op.

Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) – Play the GG!

Graffiti asbl – Stereotyppen am Sport

Unhand vu puer Werbebeispiller wäerten d’Schüler an d’Schülerinnen d’Méiglechkeet hunn, selwer Audioopnahmen opzehuelen an ze verschaffen. Uschléissend lauschtere mer eis da gemeinsam d’Endergebnis un. 

UNI.lu

“Um Ball” – Projectioun vum Film mat der Réalisatrice Tessy Troes

Iech erwaart eng Aféierung an d’Recherche a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Wichtegkeet fir dës Resultater ze dokumentéieren, d’Geschicht vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg souwéi déi strukturell Ongläichheeten, déi et ëmmer nach an der Welt vum Sport ginn.

MAKEIT Asbl

Scienteens Lab – How smart are smartwatches?

Peut-on se fier à sa montre connectée ? Quand on cherche à améliorer ses performances sportives, le premier réflexe est de faire appel à un coach. Et si ce coach se trouvait déjà dans votre montre connectée ? Regardons de plus près les études scientifiques qui ont permis de mettre au point ces appareils.

LUNEX University – Race to Equality: May the odds be in your favour

Huelt Deel un eisem interaktivem Workshop, an dem mir Iwwerschneidunge vun Ideologien am Sport exploréieren. Durch e flott Spill wäerte mir eis a verschidde Charakteren versetzen an de Sport duerch hier Aen erliewen. Sidd bereed fir interessant Diskussiounen, wou mir wäertvoll Ablécker an d’Wouerecht hannert Gläichberechtegung, Chancëgerechtegkeet a Diversitéit am Sport gewannen. Huelt deel um Wettlaf zur Gläichberechtegung, wien weess villäicht bass du de Gewënner…

Conservatoire National de Véhicules Historiques – Stereotyppen am Motorsport

No enger kuerzer Intro iwwert d’Thema Stereotypen an Bespiller iwwer Viurdeler am Sport geet de Fokus op d’Ausstellung vum CNVH zum Fraendaag 2022 fir duerno op d’Froen vun de Schoulklassen anzegoen.

Sportler oder Sportlerin: Wer ist der Champion in den Medien?

Gemeinsam mit dem Chefredakteur des Tageblatt, Chris Schleimer und Sportjournalistin Christelle Diederich wollen wir herausfinden, wer sich den Titel bei der Verteilung im Sportteil schnappt. Hier dreht sich alles um Zeitungsartikel, sportliche Topleistungen und den Blick in die Zukunft.

Teamwork makes the dream work!

Gruppenaarbecht oder Eenzelkämpfer – Ween gewënnt eis wëssenschaftlech Challengen? Dësen Atelier gëtt en Abléck an Teamaarbecht a wéi all eenzel Persoun zum Erfolleg vun enger Equipe bäidroe kann.

Fédération Luxembourgeoise de Football – Fraen am Fussball




WICHTEG: De Rock de Rack ass gratis fir all Participant. Iessen a Gedrénks gëtt den Dag iwwer gestallt. All Grupp muss begleet ginn duerch eng responsabel Persoun vun hirer Schoul.