#ROCKDERACK2022

Programm vum 27. an 28 Oktober 2022

De 27 an 28. Oktober 2022 huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung, fir d’drëtt Kéiert op de Rock de Rack invitéiert. Hei konnten iwwer 350 Jonker zesumme mt hiere Begleeder a Begleederinnen un enger Villfalt un Atelieren deelhuelen.

Nom Film “Misbehaviour” dee vill Uklang fonnt huet, haten déi Jonk d’Méiglechkeet sech iwwert hieren Dag an hier alldeeglech Suergen zum Thema Sexismus, Diskriminatioun a Gläichstellung auszedrécken. Dir fannt hei e puer Impressioune vum Dag.

0800 bis 0850: Accueil

D’Schüler a Schülerinne komme mat hirer Begleedung un a schreiwen sech a fir den Dag.

0850 bis 0900: Intro a Verdeelung an déi verschidde Säll

Jidderee kritt am Haaptsall hiren Dag kuerz presentéiert, ier d’Gruppe begleet ginn an hiren éischten Atelier.

0900 bis 1030: Éischt Ronn Atelieren

Di éischt Ronn Ateliere fanne statt an hire respektive Säll wou d’Participanten sech an engem positive Kader mat den Theme Gläichstellung a Sexismus ausernee setzen dierfen.

1030 bis 1100: Kaffispaus

All Participant ass agelueden sech z’erfrëschen am zentrale Raum mat Iessen a Gedrénks, a weider Animatiounen an Informatiounen z’entdecken.

1100 bis 1230: Zweeten Atelier

Di zweet Ronn Ateliere fanne statt wou d’Klassen een aneren Usaz zum Thema gewise kréien.

1230 bis 1330: Mëttespaus

No deenen 2 Atelieren, sinn all Participanten invitéiert fir d’Mëttegiessen ier et un den Nomëtteg geet.

1330 bis 1515: Projektioun vum Film Misbehaviour

De spannenden a witzege Film Misbehaviour gëtt gewise wou ee Grupp Frae plangt de Miss World Concours vu London 1970 ze stéieren.

1515 bis 1530: Kaffispaus

1530 bis 1700: Rock de Krees

Fir dës Diskussiounsronn, kënne Schüler a Schülerinne genau sou wéi hier Begleedung an och d’Experten d’Wuert froe fir iwwert d’Themen déi si wärend dem Dag begéint hunn oder generell d’Thema vu Gläichstellung a Sexismus ze diskutéieren.

Mega_Muffel

WICHTEG: De Rock de Rack ass gratis fir all Participant. Iessen a Gedrénks gëtt den Dag iwwer gestallt. All Grupp muss begleet ginn duerch eng responsabel Persoun vun hirer Schoul.