De Rock de Rack ass dee Festival fir Gläichstellung zu Lëtzebuerg deen all Joer kuerz virun der Allerhelgevakanz stattfënnt. Hei kréie Schoulklassen d’Méiglechkeet fir bei bis zu 3 spannende Workshops matzemaachen an d’Kanner a Jugendlech sinn hei wierklech am Mëttelpunkt.
D’Thema vum Rock de Rack 2024 ass STEAM (Science, Technology, Engineering, Arts, Math) an et ginn am ganzen 12 verschidden Thematike proposéiert:
Lëscht vun den Atelieren
City Lights: Use Electronic Circuits to Illuminate a Gender-Responsive City (Nooshin Shojaee)
An dësem praktesche Workshop wäerte mir Elektronik mat Urbanem Design kombinéieren, fir inklusiv Stadmodeller ze kreéieren. Mat Pabeier, Kartong, Solarzellen a LEDs wäerte mir eis Stied bauen an beliichten, fir sécherzestellen, datt all Plazen gutt beliicht a verbonnen sinn. Mir wäerten och d’Besoine vun allen Geschlechter an Alterskategorien berücksichtegen, fir eng Stad ze schafen, an där sech jiddereen sécher, wëllkomm a mat abegraff fillt.
In this hands-on workshop, we’ll combine electronics with urban design to create inclusive city models. Using paper, cardboard, solar panels, and LEDs, we’ll construct and light up our cities, ensuring that all spaces are well-lit and connected. We’ll also consider the needs of all genders and ages, creating a city where everyone feels safe, welcome, and included.
D’Geheimnisser vun de Barcoden (Bruno Teheux – UNI.lu et Ann Kiefer – LUCET)
Mir gebrauchen se all Dag wa mer eppes akafen. Dës kleng Strécher fënnt een op de Verpackunge vun alle Produiten. Dir kennt se : d’Barcoden.
Mee wat fir Geheimnisser verstoppen sech hannert dësen onschëllege Strécher ? Wéi funktionéieren se ? Hannert dësem praktesche System verstoppt sech ee mathematesche Code, deen nëmmen elementaire Rechenproprietéiten benotzt. Entdeckt dës Code mat eis an taucht an an d’geheimnisvoll Welt vun de meeschte gebrauchte Codë vun der Welt.
Die Geschlechterunterschiede in Mathe, Informatik und Naturwissenschaften (Dr. Miriam-Linnea Hale (CEJHP), Prof. Dr. André Melzer & M.Sc. Natacha Stevenin (UNI.lu))
Wéi vill Geschlechterënnerscheeder ginn et haut nach an der Mathematik, Informatik an den Naturwëssenschaften? An dësem Workshop mat der Dr. Miriam-Linnea Hale vum Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP), an dem Prof. Dr. André Melzer an der M.Sc. Natacha Stevenin vun der UNI.lu kucke mir eis op spilleresch Aart a Weis un, wéi eng Virurteeler et an dëse Fächer gëtt: Wien kann gutt rechnen? Wien programméiert déi beschte Computeren? Firwat si méi Männer wéi Fraen an dëse Beruffer? Zesummen iwwerleeë mir, ob Jongen a Meedercher déiselwecht Chancen hunn – oder ob al Virstellungen nach ëmmer matschwätzen, wat mir kënne oder däerfen.
Wie viele Geschlechterunterschiede gibt es heute noch in Mathe, Informatik und den Naturwissenschaften? In diesem Workshop mit Dr. Miriam-Linnea Hale vom Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP), und Prof. Dr. André Melzer und M.Sc. Natacha Stevenin non der UNI.lu schauen wir uns spielerisch an, welche Vorurteile es in diesen Fächern gibt: Wer kann gut rechnen? Wer programmiert die besten Computer? Warum sind mehr Männer als Frauen in diesen Berufen? Gemeinsam überlegen wir, ob Jungs und Mädchen die gleichen Chancen haben – oder ob alte Vorstellungen noch immer mitbestimmen, was wir können oder dürfen.
Gëff dem Rock de Rack een neien Numm! (COMED)
Wat bedeit de Rock de Rack fir dech? Wourëms geet et bei dësem Event? Wat sinn d’Messagen? Wa mir dës Froe gekläert hunn, kënnt dir nei Nimm proposéiere fir dës Manifestatioun nach méi attraktiv ze maache fir 2025. Léiert an engems wéi een un esou ee Projet erugeet, wéi eng Methoden et fir d’Brainstorming-Phase gëtt a wéi eng Froen een sech stelle sollt wann een een Numm fir een Evenement, respektiv eng Marke siicht.
Gendermarketing an engem digitalen Alter (Concept Factory)
Marketing schafft generell mat Zilgruppen an Gendermarketing probéiert ze verstoe weens du bass fir dech esou perséinlech wéi méiglech un ze schwätzen. An dat nach vill méi iwwer digital Medien. Natierlech, fir dech (positiv) ze beaflossen. Wéi geet dat? Wat sinn do gutt a schlecht Beispiller. Wéi kanns du domadder ëmgoen? Doriwwer schwätze mir an dësem Atelier.
Jumping robot (Makeit asbl)
Kanns du dech fortbewegen ouni déng Been ze bewegen? Abee, an dësem Atelier léiers du wéi dat get. A wéis de ee klenge Roboter baue kanns, deen sech no dem selwechte Prinzip fortbewege kann. An esou ganz Niewebäi kanns de entdecken, wéi een dat kann am Sport an an der Robotik notze fir cool nei Spréng oder witzeg Maschinnen ze entwécklen…
KI und Design (secondaire): Kreative Vielfalt im digitalen Zeitalter (Heather Kremer)
Der Workshop “KI und Design: Kreative Vielfalt im digitalen Zeitalter” lädt ein, die Welt des Designs und der KI zu entdecken! Du lernst, wie du mit KI Designs erstellen kannst und hinterfragst, ob KI wirklich ein geeignetes Tool für kreatives Design ist. Dabei geht es auch um Vielfalt und Gleichstellung im Design. Nach einer kurzen Einführung startet ihr in Teams und gestaltet euer eigenes Projekt mit KI-Tools.
KI und Design (fondamental): Gestalte deinen eigenen Grumpy oder Happy! (Heather Kremer)
Im Workshop “KI und Design – Gestalte deinen eigenen Grumpy oder Happy!”zeichnest du dein eigenes Monster in einem Beruf deiner Wahl. Danach zeigen wir dir, wie KI deine Idee von Grumpy oder Happy dargestellt hätte. Am Ende bekommst du ein Zertifikat und nimmst dein Kunstwerk mit nach Hause!
Play the GG! (Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) )
Play the GG! est un jeu de plateau, créé par des chercheur.e.s, qui s’adresse à des enfants, jeunes et adultes dans le but de sensibiliser aux différences de genre dans notre société.
Saurez-vous replacer ces femmes faisant partie de l’histoire des STEM sur la ligne du temps ? (WIDE ANDCO – fondamental)
Et gi vill Fraen an der Geschicht vun de STEM Beräicher, mee si ginn ze wéineg an de Virdergrond gestallt. ‘Wëssenschaftlerinnen a Technikerinnen duerch d’Zäiten’ ass e Kartespill, dat jonk Leit dozou invitéiert, Entdeckungen vu Fraen an der Zäit anzeraumen an dës Fraen besser kennenzeléieren.
Il y a beaucoup de femmes dans l’histoire des STEM mais elles sont trop peu mises en avant. “Femmes scientifiques et techniciennes à travers les époques” est un jeu de cartes qui invite les jeunes à replacer dans le temps des découvertes faites par des femmes et ainsi mieux connaître ces dernières.
Learn new skills and get ready to defend Techropolis against the evil Binary Shadows! (WIDE ANDCO – secondaire)
Dive into a hidden-object video game, learn powerful tools and improve your online safety and cyber security in general as you play!
Scienteens Lab – Les sports connectés
Peut-on se fier à sa montre connectée ? Quand on cherche à améliorer ses performances sportives, le premier réflexe est de faire appel à un coach. Et si ce coach se trouvait déjà dans votre montre connectée ? Regardons de plus près les études scientifiques qui ont permis de mettre au point ces appareils.
Take Off! (Luxembourg National Research Fund – FNR)
Take Off ass eng Science Game Show zu Lëtzebuerg an déier Jonker kniwweleg Challengen eleng an am Team léise mussen. Op Jong oder Meedchen, hues du d’Potenzial bei Take Off grouss eraus ze kommen? Knack de Code, notz d‘Kraaft vun der Physik a weis wat’s de drop hues!
Wir machen eine Zeitung (Chris Schleimer, Chefredakteur Tageblatt & Christelle Diederich, Sportjournalistin)
Von der Themenfindung bis zum gedruckten Artikel: Gemeinsam mit Tageblatt-Chefredakteur Chris Schleimer und Sportjournalistin Christelle Diederich schlüpfen die Schüler in die Rolle der Redakteure, erfahren so einiges über die technischen Schritte des Drucks und werden am folgenden Tag ihren ersten Artikel in der Printausgabe in den Händen halten.
Dagesoflaf
De Rock de Rack heescht iech schonn ab 8 Auer Moies häerzlech wëllkomm mat engem leckeren Frühstück! Start ären Dag gemittlech an tankt Energie, ier et um 08:50 Auer mat engem kuerze Briefing am Sall 9 lassgeet.
Déi éischt Serie vun Atelieren fänkt um 9 Auer un – eng super Geleeënheet, fir matzemaachen an Neies ze léieren.
Vun 10:30 bis 11 Auer ass eng entspaant Kaffispaus am Kin’eck virgesinn, fir ze relaxen an eng Taass Kaffi ze genéissen.
Déi zweet Ronn Atelieren geet dann vun 11 bis 12:30 Auer weider, mat vill interessanten Aktivitéiten a Méiglechkeeten, fir sech auszeliewen.
Fir Mëttes ass vun 12:30 bis 13:30 Auer eng genéisslech Paus mat engem komplette Menu am Kin’eck virgesinn, sou dass dir gutt gestäerkt sidd fir déi drëtt an läscht Sessioun vun Atelieren, déi um 13:30 Auer ufänkt.
Um 15 Auer gi mir dann nees an de Sall 9 fir de Rock de Krees, an um spéitstens 16 Auer ass den Dag ofgeschloss. Falls dir nach eng speziell Ufro oder Contrainten hutt, kënnt dir eis gären Bescheed soen – mir hëllefen iech gär weider.