Rock de Rack 2023 – Inegalitéiten am Sport

De Rock de Rack ass ee Festival zum Thema Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an ass speziell fir Jugendlecher opgestallt. D’Editioun vun 2023 huet de 26. a 27. Oktober 2023 am Kinepolis Kirchbierg stattfonnt an dat grousst Thema waren d’Inegalitéiten am Sport.

Lëscht vun den Atelieren

Armee.lu – Sport um Programm: wat gëtt beim Militär vu Mann a Fra verlaangt. No enger Aféierung un d’Thema gëtt et sportlech mat Lafband, Boxen a Léiserschéissen an als Ofschloss kréien déi Jonk d’Chance sech mat Elitersportler-innen auszetauschen bei enger Table-Ronde.

Centre national de l’audiovisuel – Teenage Cinema: Die Darstellung von Highschool- und Jugendkultur im amerikanischen Kino (1980-2000). Seit den 1980er Jahren nehmen Teenager sowohl in Highschoolkomödien bzw. -dramen (Fast Times at Ridgemont High, Regie: Amy Heckerling, 1982) als auch im Horrorkino (A Nightmare on Elm Street, Regie: Wes Craven, 1984) eine zentrale Rolle ein. Der Vortrag (in luxemburgischer Sprache und illustriert mittels zahlreicher Filmausschnitte) untersucht am Beispiel ausgewählter Produktionen, welche wiederkehrenden Themen des Erwachsenswerdens, Narrative, Charaktere und Stereotypen — der/die Strebsame, der/die Sportler.in, der/die Jungfräuliche, der/die Schüchterne usw. — die Darstellung(en) von Highschool- und Jugendkultur im amerikanischen Kino der letzten Jahrzehnte geprägt haben.

Conservatoire National de Véhicules Historiques – Stereotyppen am Motorsport. No enger kuerzer Intro iwwert d’Thema Stereotypen an Bespiller iwwer Viurdeler am Sport geet de Fokus op d’Ausstellung vum CNVH zum Fraendaag 2022 fir duerno op d’Froen vun de Schoulklassen anzegoen.

Fédération Luxembourgeoise de Football – Rout Léiwinnen, huelt se. D’Roll vu Virbiller am Sport.

Fonds National de la Recherche (FNR) – Teamwork makes the dream work! Gruppenaarbecht oder Eenzelkämpfer – Ween gewënnt eis wëssenschaftlech Challengen? Dësen Atelier gëtt en Abléck an Teamaarbecht a wéi all eenzel Persoun zum Erfolleg vun enger Equipe bäidroe kann.

Graffiti asbl – Stereotyppen am Sport. Unhand vu puer Werbebeispiller wäerten d’Schüler an d’Schülerinnen d’Méiglechkeet hunn, selwer Audioopnahmen opzehuelen an ze verschaffen. Uschléissend lauschtere mer eis da gemeinsam d’Endergebnis un.

Journalismus – Sportler oder Sportlerin: Wer ist der Champion in den Medien? Gemeinsam mit dem Chefredakteur des Tageblatt, Chris Schleimer und Sportjournalistin Christelle Diederich wollen wir herausfinden, wer sich den Titel bei der Verteilung im Sportteil schnappt. Hier dreht sich alles um Zeitungsartikel, sportliche Topleistungen und den Blick in die Zukunft.

LUNEX University – Race to Equality: May the odds be in your favour. Huelt Deel un eisem interaktivem Workshop, an dem mir Iwwerschneidunge vun Ideologien am Sport exploréieren. Durch e flott Spill wäerte mir eis a verschidde Charakteren versetzen an de Sport duerch hier Aen erliewen. Sidd bereed fir interessant Diskussiounen, wou mir wäertvoll Ablécker an d’Wouerecht hannert Gläichberechtegung, Chancëgerechtegkeet a Diversitéit am Sport gewannen. Huelt deel um Wettlaf zur Gläichberechtegung, wien weess villäicht bass du de Gewënner…

Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) – Play the GG! Play the GG! est un jeu de plateau, créé par des chercheur.e.s, qui s’adresse à des enfants, jeunes et adultes dans le but de sensibiliser aux différences de genre dans notre société.

MAKEIT Asbl – Jumping robot. Kanns du dech fortbewegen ouni déng Been ze bewegen? Abee, an dësem Atelier léiers du wéi dat get. A wéis de ee klenge Roboter baue kanns, deen sech no dem selwechte Prinzip fortbewege kann. An esou ganz Niewebäi kanns de entdecken, wéi een dat kann am Sport an an der Robotik notze fir cool nei Spréng oder witzeg Maschinnen ze entwécklen…

Scienteens Lab – How smart are smartwatches? Peut-on se fier à sa montre connectée ? Quand on cherche à améliorer ses performances sportives, le premier réflexe est de faire appel à un coach. Et si ce coach se trouvait déjà dans votre montre connectée ? Regardons de plus près les études scientifiques qui ont permis de mettre au point ces appareils.

“Um Ball” – Projectioun vum Film mat der Réalisatrice Tessy Troes. De Film “Um Ball” erzielt d’Geschicht vu 50 Joer Fraefussball zu Lëtzebuerg. Zesumme mat der Realisatrice fannt dir eraus, wéi een esou eng Recherche a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, mécht a wéi wichteg et ass, Zäitzeien ze dokumentéieren. Doriwwer eraus léiert dir méi iwwer d’Geschicht vun de Fraerechter zu Lëtzebuerg souwéi déi strukturell Ongläichheeten, déi et ëmmer nach an der Welt vum Sport ginn.

UNI.lu – Wieviel Sexismus gibt es heute noch im Sport und wie sieht er aus? In dem Workshop unter der Leitung von M.Sc. Miriam-Linnea Hale und Prof. Dr André Melzer geht es interaktiv und spielerisch „ans Eingemachte“: Wieviel Sexismus gibt es heute noch im Sport und wie sieht er aus? Können Jungs nur Fußball und Mädchen nur Ballett? Gibt es bei gleicher Leistung auch gleiche Behandlung? Wie viele Goldmedaillen brauchst Du, um im Interview nicht nach Deiner Frisur oder wen Du datest gefragt zu werden?

Hei drënner fannt dir den Aftermovie vun der Editioun vun 2023: