Editioun 2023

Inegalitéiten am Sport (2023)

De Rock de Rack vun 2023 –  ënnert dem Thema vun den Inegalitéiten am Sport – war ee vollen Erfolleg! Mat iwwer 450 Schüler, Schülerinnen a Begleetpersounen, war dës Editioun net nëmmen déi meescht-besichten Editioun, mee mat 13 verschidden Ateliere stoungen 2023 och souvill verschidden Atelieren zur Auswiel wéi nach ni virdrun!

Hei fannt dir een Abléck op de Rock de Rack 2023 a seng verschiddenen Atelieren:

D’Christelle Diederich, Sportjournalistin, erkläert wat de Rock de Rack 2023 op sech hat.

IMPRESSIOUNEN

2022 a virdrun

Sexismus a Stereotyppen an de Medien (2022)

De 27 an 28. Oktober 2022 huet d’Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung, fir d’drëtt Kéiert op de Rock de Rack invitéiert. Hei konnten iwwer 350 Jonker zesumme mat hire Begleeder a Begleederinnen un enger Villfalt un Atelieren deelhuelen.

D’Gruppe konnten sech fir 2 Atelieren entscheeden déi se ënner 9 verschiddene konnte wielen. Duerno konnten se de Film “Misbehaviour” gesinn dee vill Uklang fonnt huet, ier se d’Méiglechkeet kruten sech iwwert hiren Dag an hier alldeeglech Suergen zum Thema Sexismus, Diskriminatioun a Gläichstellung beim Rock de Krees auszedrécken. Dir fannt hei e puer Impressioune vum Dag.

Egalitéit an de Medien, der Filmindustrie an dem Theater (2021)

Beim Rock de Rack 2021 huet sech Alles em Medien, Filmer an den Theater gedréint. Des zweet Editioun vum Rock de Rack war di éischt Editioun déi sech am Kinepolis Kierchbierg ofgespillt huet. Hei haten 9 Klassen den 28. Oktober d’Chance bei 2 verschidden Ateliere matzemaachen.

Nom spannende lëtzebuergesche Film “Histoire(s) de(s) femme(s)” iwwer d’Fraewalrecht zu Lëtzebuerg, haten déi 200 jonk Participante beim Rock de Krees duerno d’Chance sech bal 2 Stonne laang iwwert hier Erliefnisser an Erfarungen um Rock de Rack auszetauschen.

KONZEPT

Een Erliefnis fir all Participant, an engem eenzegaartege Kader

Atelieren

De Rock de Rack steet all Joer ënner engem generellen Thema wéi zum Beispill dem Sexismus, dem Sport oder der Filmwelt. All Joer, a passend zum jeeweilege Kontext, proposéieren de MEGA a seng Partner ee variéierte Choix un Ateliere wou d’Klassen sech kënne raussichen.

Austausch

De Rock de Rack bitt de Gruppen un 3 verschidden Atelieren an engem Dag z’erliewen. Virun, wärend, tëscht an no dësen Atelier encouragéiert de MEGA den Echange tëscht alle Jonken.

Positive Kader

Et ass d’Zil, datt um Schluss vum Dag, all Participant ee positiivt Erliefnes hat, sief et duerch eng flott Ambiance, oder och nach eng gesond Verfleegung. Esou sinn déi Jonk prett sech hier eege Gedanken zur Gläichstellung ze maachen.

Rock de Krees v2.0

Fir de Rock de Krees designéiert all Klass jeeweils op d’mannst eng Persoun déi als Rapporteur kuerz Conclusioune fir hier Klass zitt. An deem Kader dierf natierlech och all anere Jonken, Begleeder a Begleederin zu Wuert kommen.