De Rock de Rack ass de Gläichstellungsfestival fir Jonker zu Lëtzebuerg. Di éischt Editioun huet 2019 an der Rockhal stattfonnt, an nodeems 2020 eng Paus war, ass de Rock de Rack säithier all Joer Donneschdes a Freides virun der Allerhelgevakanz am Kinepolis Kierchbierg. D’Editioun 2024 ass also de 24. a 25. Oktober.
De Prinzip ass einfach, zu engem bestëmmten Thema ginn all Joer bis zu 12 Atelieren a Workshops vun Experten aus hierem Beräich ausgeschafft. All Klass dierf (zesumme mat hiere Begleetpersounen) hier Preferenzen uginn déi souwäit méiglech respektéiert ginn. Dräi verschiddenen Atelieren gi schlussendlech zréckbehalen déi d’Schüler deen Ament dierfen erliewen. D’Ateliere sinn iwwregens all interaktiv.
Wann dir iech aschreift op d’Waardelëscht kritt dir ugeruff soubal eng Plaz géif fräi ginn.
Bei Froen kënnt der iech weiderhi gären un d’Organisatiounsekipp wenden um 247-85826 oder 247-85819.