De Rock de Rack ass ee Festival zum Thema Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an ass speziell fir Jugendlecher opgestallt.
Fir d’éischt Kéier 2022 op zwee Deeg proposéiert, goufe béid Deeg 9 Ateliere proposéiert.
Hei eng kuerz Iwwersiicht vun deenen Atelieren:
- Das „Final Girl“ im Horrorkino (CENTRE NATIONAL DE L’AUDIOVISUEL – CNA)
- Comment déjouer le sexisme au quotidien – une approche interactive (ECOLE DU THÉÂTRE)
- De Science Challenge (FONDS NATIONAL DE LA RECHERCHE – SCIENCE.LU)
- Le sexisme dans la publicité (GRAFFITI ASBL)
- Play the GG! (LUXEMBOURG INSTITUTE OF SOCIO-ECONOMIC RESEARCH – LISER)
- MAKEIT ASBL
- MINISTÈRE DE L’ÉGALITÉ ENTRE LES FEMMES ET LES HOMMES (MEGA)
- La programmation, un métier d’homme? (SCIENTEENS)
- Crush Sexism! Das Quiz rund um das Wer-Wie-Was des Sexismus (UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG – UNI.LU)

Nom Film “Misbehaviour” dee vill Uklang fonnt huet, haten déi Jonk d’Méiglechkeet sech iwwert hieren Dag an hier alldeeglech Suergen zum Thema Sexismus, Diskriminatioun a Gläichstellung auszedrécken. Dir fannt hei e puer Impressioune vum Dag.
Klassen hunn dierfen een Dag matmaachen an esou dann och 2 Workshops erliewen. Se hu 4 Atelieren eraus gesicht déi se am léifste géifen entdecken an de MEGA huet probéiert souwäit wéi méiglech op d’mannst 1 Choix zréckzebehalen, ouni dëst awer garantéieren ze kënnen.
D’Aschreiwung, d’Iessen an d’Gedrénks war geschenkt!